No 3 Joer Rezessioun géif déi däitsch Wirtschaft elo erëm wuessen, esou de Kanzler e Mëttwoch am Schlass Neuhardenberg a Brandenburg. Hei huet souz d‘Regierung déi lescht zwee Deeg zesummen, fir weider Mesuren ze decidéieren, déi si an den nächste Méint a Jore wëllen ëmsetzen.
"Mir si sécher, datt mir op deem Wee och weider Progrèse maachen an datt mir och um Enn vum Joer e Bilan zéie kënnen, dee sech gesi loosse kann: Raus aus der Rezessioun, raus aus der Schwächt vun eiser Ekonomie, raus aus dësem Onmutt an dësem Mësstrauen an eran an eng nei Zouversiicht", sot de Kanzler.
Déi däitsch Ekonomie wier laang an enger schwaacher Phas gewiescht. Duerch den Iran-Krich an d'Präisvariatioune bei Pëtrol a Gas rechent een och dëst Joer nëmme mat engem klenge Wuesstem. Fir d'lescht gouf et Unzeechen, datt d'ekonomesch Situatioun besser géing ginn - op dës huet de Merz elo higewisen.
Am August hat sech d'Stëmmung vun der däitscher Wirtschaft weider erholl. De PIB hat trotz Réckschléi duerch den Iran-krich tëscht Abrëll a Juni am Verglach zum viregte Quartal ëm 0,3 Prozent zougeholl, wéi d'Statistische Bundesamt matgedeelt huet. De Wuesstem ass domat 0,1 Punkte méi héich ausgefall, wéi virop erwaart.