Koum vu Lëtzebuerg als Bäifuerer Gesichten Däitsche gëtt no Kontroll op der A64 (D) verhaft, muss 2 Méint an de Prisong

RTL Lëtzebuerg
D’Police vun Tréier huet e Méindeg de Mëtteg op der A64 e 30 Joer alen Däitsche festgeholl, géint deen en Haftbefeel virlouch.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

De Mann war als Passagéier an engem Ford-Transporter aus Lëtzebuerg an Däitschland erakomm.

De Mann war am September 2025 wéinst engem Verkéiersdelikt zu enger Geldstrof vun 7.080 Euro verurteelt ginn. Bei enger Kontroll hunn d’Beamten eng kleng Quantitéit Amphetamin verstoppt a sengem Kalzong fonnt.

Well hien d’Geldstrof net bezuele konnt, gouf hien an e Prisong ageliwwert, wou hie 59 Deeg muss verbéissen.

Back to Top
CIM LOGO