
De Parquet général zu Karlsruhe huet d'Ermëttlunge géint de Kai M. iwwerholl. De jonke Mann steet am Verdacht, eng rietsextreem Gruppéierung an e Grupp Online-Sadisten ugeféiert ze hunn. Hie soll Jugendlecher zu kriminellen Doten ugestëppelt hunn.
D'rietsextreem Grupp soll de Beschëllegten 2024 zesumme mat anere selwer gegrënnt hunn. Dës hätt als Zil, duerch Gewaltdoten oder ëffentlech Opriff zu Gewalt, den Zesummebroch vun der gesellschaftlecher Uerdnung ze provozéieren. Och vu besonnesch schwéiere Strofdote wéi Mord an Doudschlag ass Rieds. Biller a Videoe vun esou Dote géifen an Chatgruppe gedeelt an domat Reklamm fir hir Gruppéierung gemaach ginn. Enn 2024 hätt sech de Beschëllegten dunn enger weiderer krimineller Grupp ugeschloss a wier do Uféierer ginn. Béid Vereenegunge gehéieren zur sougenannter Com-Zen, sou d'Ermëttler. D'Membere versichen immens jonk Persounen dozou ze beweegen, sech selwer ze blesséieren oder souguer Suicide ze maachen.
De Kai M. soll bei e puer Strofdote bedeelegt gewiescht sinn. Zesumme mat anere Gruppememberen hätt hien e Jong aus Russland dozou bruecht, an enger Schoul e Kand ze erstiechen. An enger Chatgrupp hätt hien donieft dozou opgeruff, en US-Bierger ëmzebréngen. Jugendlecher an den USA an a Schweden wollt hien dozou bréngen, Autoen unzefänken. Et géif dann nach de Verdacht bestoen, dass hien e Kand an engem europäesche Land dovun iwwerzeegt huet, mat engem Messer sexuell Handlunge bei sech unzewennen. De Jong hätt sech schwéier verwonnt. Virun e puer Deeg hätt hien dovun e Video am Internet verbreet.
De Beschëllegte kritt deemno reprochéiert, als Jugendleche Member vun enger terroristescher a krimineller Vereenegung gewiescht ze sinn an him gëtt virgeworf, zum Mord opgeruff ze hunn, nieft Vergewaltegung, sexuellem Mëssbrauch vun engem Kand souwéi d'Verbreede vu kannerpornografeschem Material, d'ëffentlech Opruffen zu Strofdoten, dem Acceptéiere vun dësen an d'Duerstelle vu Gewalt. Zanter hie festgeholl gouf, sëtzt hien an Untersuchungshaft, aktuell op d'Grondlag vun engem Mandat d'arrêt vum Koblenzer Amtsgeriicht. Hie soll virun den Ermëttlungsriichter vum Bundesgeriichtshaff kommen.
D'Com-Zen ass eréischt zanter e puer Joer bekannt. Zu Hamburg steet zanter Juni e Jonke vun 18 Joer viru Geriicht, well hie Meedercher am Internet zu sexuellen a selbstverletzenden Handlunge virun der Kamera forcéiert hat. Donieft muss sech en anere Jonke vun 21 Joer, dee sech "White Tiger" nennt, wéinst Mord veräntweren. Hie soll psychesch labil Jugendlecher iwwer Internet zu Gewaltdote un hinne selwer opgefuerdert hunn. E Jong vun 13 Joer aus den USA hat sech d'Liewe geholl.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu