Weider Protestaktioune scho geplangtDausende jonk Leit demonstréieren a Griicheland

AFP, iwwersat vun RTL
An der griichescher Haaptstad Athen sinn e Mëttwoch Dausende Schüler, Studenten a Léierpersounen op d'Strooss gaangen. Si fuerdere méi Investitiounen an den ëffentleche Bildungssecteur, besser Schoulgebaier a méi Personal.
Och an anere gréissere Stied a Griicheland goufen Demonstratiounen organiséiert.
© AFP

Inspiréiert vun de Protester a Frankräich an aneren europäesche Länner hunn Dausende jonk Leit a Griicheland géint déi aktuell Situatioun am Bildungssecteur demonstréiert. Eleng zu Athen hunn der Police no op d'mannst 5.000 Mënschen un der Manifestatioun deelgeholl.

Et soll net bei enger eenzeger Demonstratioun bleiwen, weider Protestaktioune wiere scho geplangt.

Och Dokteren aus ëffentleche Spideeler a Staatsbeamten hunn e Mëttwoch mat Streiken hire Protest ausgedréckt.

Besonnesch d'Situatioun an de griichesche Schoule steet an der Kritik. Schüler a Léierpersonal kloen, datt vill Gebaier an engem schlechten Zoustand sinn an et u Personal feelt.

Wéi eescht d'Situatioun ass, weisen och rezent Virfäll. Ufanks des Mounts gouf e 14 Joer ale Schüler zu Thermi, bei Thessaloniki, blesséiert, wéi an engem Klassesall de Botz vum Plaffong erofgefall war. En änleche Virfall gouf et e Méindeg bei der Entrée vun enger Schoul zu Athen, allerdéngs ausserhalb vun de Schoulzäiten.

Donieft ass e grousst Schoulgebai zu Athen zanter bal zwou Woche wéinst dem Verdacht op eng Gasfuite zou. Ronn 4.000 Schüler si vun dëser Mesure betraff.

Der Enseignantsgewerkschaft OLME no feelen am ganze Land ronn 15.000 Léierpersounen am Secondaire. Griicheland investéiert manner an d'Bildung wéi den EU-Duerchschnëtt. D'Demonstrante fuerderen dofir och eng däitlech Erhéijung vun den ëffentlechen Ausgaben am Secteur vun der Bildung.

D'Onzefriddenheet geet awer iwwer d'Schoulen eraus. Vill Demonstrante gesinn an de Mëssstänn en Zeeche vun enger méi breeder sozialer Problematik, déi duerch déi héich Liewenskäschte weider verstäerkt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO