
E puer Deeg no sengem Récktrëtt gouf den Arday dout fonnt. D’Ëmstänn vu sengem Doud sinn nach net gekläert. D’Police geet aktuell vun engem Suizid oder engem natierlechen Doud aus.
Dem Arday seng Famill schwätzt vun enger medialer "Mobbing-Campagne" mat Rumeuren iwwer seng akademesch Aarbecht an och säi Privatliewen.
De Chef vun der Universitéit vu Cambridge, Lord Chris Smith, huet vun enger ""rassistescher Hetzjuegd" géint den 41 Joer ale Mann geschwat. Hien ënnersträicht awer och, datt Plagiatsvirwërf géint Wëssenschaftler ëmmer grëndlech missten iwwerpréift ginn.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu