
An der albanescher Haaptstad Tirana hunn e Samschdeg den Owend op en Neits Dausende Leit géint de Bau vun engem Luxushotel an engem Naturschutzgebitt demonstréiert. De Komplex soll un der Küst an engem Gebitt gebaut ginn, dat eng wichteg Plaz fir Zuchvillercher a Flamingoen ass.
D'Protester dauere schonn 2 Wochen. De Bauprojet gëtt och mam Schwoer vum US-President Trump, dem Jared Kushner, a Verbindung bruecht.