Däitsche Multi-MilliardärDe Klaus-Michael Kühne ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
De Kühne soll nieft dem Grënner vu Kaufland, dem Dieter Schwarz, deen zweeträichsten däitschen Entrepreneur gewiescht sinn.
© AXEL HEIMKEN/dpa Picture-Alliance via AFP

Mam däitschen Milliardär Klaus-Michael Kühne ass e Mat-Proprietär vun der Lufthansa verscheet, e Majoritéits-Aktionär vun der globaler Logistik-Firma "Kühne und Nagel" an e wichtege Sponsor vum HSV. De Mann ass an der Nuecht op e Méindeg am Alter vun 89 Joer an der Schwäiz gestuerwen, wou hie gelieft huet.

De Kühne soll nieft dem Grënner vu Kaufland, dem Dieter Schwarz, deen zweeträichsten däitschen Entrepreneur gewiescht sinn, mat engem estiméierte Verméigen vun 38 Milliarden Euro. Déi Zuel hat Forbes rezent genannt.

De Klaus-Michael Kühne koum 1937 zu Hamburg op d'Welt a gouf scho fréi no sengen Etudë Member am Verwaltungsrot vu "Kühne und Nagel", eng Firma déi 1890 vu sengem Grousspapp matgegrënnt gi war.

2009 ass de Kühne och bei "Hapag-Lloyd" erageklommen, éier d'Schëffs-Cargo-Firma un asiatesch Investisseure verkaf ginn ass.

Déi lescht Joren huet de Kühne och Parte bei de Firme Flixbus a Lufthansa iwwerholl gehat, parallel war hien iwwer laang Joren deen déckste Sponsor vum HSV an huet mat Milliounen den Hamburger Traditiounsveräin ëmmer nees ënnerstëtzt, wann d'Finanzen am roude Beräich waren.

Och seng Heemechtsstad Hamburg huet de Milliardär mat groussen Zommen ënnerstëtzt, déi ënnert anerem an den Opbau vun der Uni gefloss sinn. De Kühne hat keng Kanner mat senger Fra, sou datt d'Verméigen a seng Fondatioun transferéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO