
De Paul St-Pierre Plamondon, besser bekannt ënnert sengen Initiale PSPP, gëtt den neie Premier vum Québec. Seng Partei kënnt no de provisoresche Resultater op 59 vun den 127 Sëtz an der Nationalversammlung. Fir eng absolut Majoritéit wieren der 64 néideg.
De Parti Québécois wäert also eng Minoritéitsregierung forméieren a bei wichtegen Votten op d'Ënnerstëtzung vun anere Parteien ugewise sinn.
D'Resultat markéiert virun allem e spektakuläre Retour fir de Parti Québécois. Déi leschte Kéier, datt d'Partei eng Regierung forméiert hat, war no de Wale vun 2012.
Mee dës Victoire huet och eng Bedeitung, déi wäit iwwer d'Provënz erausgeet. De Parti Québécois ass nämlech déi grouss souveränistesch Partei vun der Provënz. Hiert Zil ass, datt de Québec sech vu Kanada trennt an en onofhängegt Land gëtt.
Domat kënnt eng Fro nees op déi national politesch Agenda, déi Kanada schonn zweemol déif gespléckt huet.
1980 an 1995 hunn d'Awunner am Québéc schonn emol iwwert hir politesch Zukunft ofgestëmmt. Besonnesch den zweete Referendum war extrem knapp: genee 50,58 Prozent hu sech deemools géint d'Souveränitéit ausgeschwat – just ronn 54.000 Stëmmen hunn den Ënnerscheed gemaach.
Trotz der Victoire vum Parti Québécois bedeit d'Walresultat awer net, datt eng Majoritéit vun de Québécois sech och fir d'Onofhängegkeet ausschwätzt.
Fir déi nei Regierung geet et dofir elo fir d'Éischt drëms, am Alldag politesch ze bestëmmen– an dat ouni eng Majoritéit am Parlament.
Mee mat engem souveränistesche Premier un der Spëtzt vum Québec ass eng Fro, déi laang am Hannergrond stoung, nees méi present: Wéi gesäit d'Zukunft vum Québec bannent Kanada aus?
Tom Chazelle Schulze, fir RTL vun Ottawa.