Hoffnung op Ofkommes tëscht USA an IranPräis vum Brent fält ënner 90 Dollar de Barrel

AFP, iwwersat vun RTL
De Präis vum Pëtrol ass en Dënschdeg esou niddereg ewéi zanter Mëtt Abrëll net méi.

Den Uelegpräis ass en Dënschdeg ëm 5 Prozent op ënner 90 Dollar op zäitweis 84,04 Dollar gefall. Dat nodeems den US-President Donald Trump op en Neits sot, dass ee kuerz virdru wier, e Friddensaccord mam Iran ofzeschléissen.

Et ass fir d'éischte Kéier zanter dem 14. Abrëll, dass de Präis fir e Barrel vum Nordséi-Ueleg Brent ënner 90 Dollar fält. De Präis fir e Barrel vun der US-Zort "West Texas Intermediate" ass iwwerdeems op 86 Dollar de Barrel gefall.

Back to Top
CIM LOGO