MoldawienDe Vasile Tofan ass neie Premierminister

AFP, iwwersat vun RTL
Säi Virgänger, den Alexandru Munteanu, huet no nëmmen aacht Méint am Amt demissionéiert.
© ELENA COVALENCO/AFP

Moldawien kritt een neie Ministerpresident. Nodeems den Alexandru Munteanu déi lescht Woch no just aacht Méint am Amt zeréckgetrueden ass, huet d'Presidentin Maia Sandu e Samschdeg de Vasile Tofan als Nofollger presentéiert. De 44 Joer alen Tofan ass am Fong Entrepreneur an, wéi säi Virgänger, proeuropäesch. An enger éischter Reaktioun sot hien, d'Zil wier et, datt Moldawien am Joer 2028 der EU bäitrëtt.

Back to Top
CIM LOGO