
De riets-reliéise Fligel verlaangt, datt de Krich no der éischter Phas vum Accord nees weidergoe soll. D’Kritik um Deal kënnt ënnert anerem vum israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich a vum Minister fir national Sécherheet, Itamar Ben Gvir. Sollt deen Deel vun der israeelescher Regierung zerécktrieden, kéint déi israeelesch Regierung an de Koup falen, heescht et ënnert anerem bei CNN.
Den Accord, deen e Mëttwoch tëscht Israel an der Hamas mat Hëllef vun den USA, dem Katar an Ägypten erreecht gouf, gesäit eigentlech vir, datt déi zwou Parteie wärend der éischter Phas vun 42 Deeg eng permanent Wafferou verhandelen.
Den israeelesche Sécherheetscabinet hätt u sech der Wafferou mat der Gazasträif en Donneschdeg de Moie missen déi gréng Luucht ginn. Ma d’Sëtzung gouf verréckelt, dat mat Virwërf a Richtung vun der Hamas, déi a leschter Minutt nach emol Ännerunge gemaach hätt. Dat mam Zil, “a leschter Minutt Zougeständnesser ze erpressen”, wéi dem Netanjahu säi Büro matgedeelt huet.
De Sécherheetscabinet géif den Accord also eréischt ratifizéieren, wann “d’Vermëttler Israel matdeelen, datt d’Hamas all Elementer vum Ofkommes akzeptéiert huet.” Iwwerdeems sollen an israeeleschen Ugrëff op d’Gazasträif an de leschte 24 Stonnen nach emol 81 Palestinenser ëmkomm sinn. Berechnunge vu CNN no wiere dat déi héchsten Zuel un Doudesaffer zanter 11 Deeg.