
Ma et gëtt bis elo nach ëmmer offiziell keen Numm, wie fir Lëtzebuerg an der nächster EU-Kommissioun sëtze soll. An dat dierft och bis Enn dës Mounts sou bleiwen. De Premier léisst sech nämlech net an d’Kaart kucken a wëll seng Decisioun réischt da bekannt ginn, wann den offiziellen Delai ofleeft. Dat ass den 30. August.
De Luc Frieden huet also nach genee dräi Wochen Zäit, fir der rëmgewielter Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen seng Nominatioun, respektiv Nominatiounen, matzedeelen. Um leschte Briefing fir d’Press virun der Summervakanz hat den CSV-Politiker erkläert, datt hien dem Wonsch vun der däitscher Politikerin wéilt Rechnung droen an e Mann an eng Fra géif nominéieren. An engems hat de Regierungschef drop gehalen, Lëtzebuerg misst en interessante Portefeuille kréien. Dee misst ee fir d’éischt kennen ier een en Numm géif drop setzen.
D’Ursula von der Leyen hat bei hirer Untrëttsried betount, wéi wichteg hir d’Paritéit an der neier Kommissioun ass. Dowéinst huet si explizitt gefrot, fir jeeweils e männlechen Kandidat an eng weiblech Kandidatin ze nominéieren. Déi eenzeg Ausnam wier, wann et sech ëm en aktuelle Kommissär handelt. Sou wäit d’Theorie...
Vun de 17 Memberstaaten, déi hiren Numm schonn era ginn hunn, huet bis elo nämlech keen eenzegt zwee Leit proposéiert. Konkret hu sech domadder Éisträich, Griicheland, Irland, Malta a Slowenien net un d’Virgab gehalen an nëmmen e Mann proposéiert, deen awer bis elo nach net Member vun der Kommissioun war.
D’schwaarz-blo Regierung hat eigentlech den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen als nächsten EU-Kommissär geplangt. Deen anere potentielle Kandidat bleift awer nach ëmmer de sozialistesche Kommissär sortant Nicolas Schmit, dee fir d’Sozialdemokraten als Spëtzekandidat an d’Wale gaange war an notamment d’Ënnerstëtzung vum däitsche Kanzler Olaf Scholz krut. D’Sozialdemokraten hunn no den Europawalen drop gehalen, fir bei der Posteverdeelung net vergiess ze ginn.
Informatiounen vun Euractiv no, hätt d’Ursula von der Leyen selwer de Luc Frieden gefrot, fir den Nicolas Schmit zu Bréissel ze loossen, fir esou e besseren Equiliber an der Equipe ze hunn. An de Wochen no de Walen hat sech de Luc Frieden, no sengem eendeitege Support fir säin CSV-Parteikolleg Christophe Hansen, ëmmer méi vage ausgedréckt, wien hien zréckbehale géif.
D’Europaparlament soll am September an Oktober ufänken, fir de Kandidaten a Kandidatinne fir d’Kommissioun an Hearingen op den Zant ze fillen. Et gëtt gehofft, datt déi nei EU-Kommissioun den 1. November ufänke ka mat schaffen.