Mann vun 21 Joer gestuerwenDéidleche Motorradsaccident bei Iechternacherbréck

RTL Lëtzebuerg
De Mann ass mat sengem Moto an en Auto gerannt.

Géint 16:30 Auer e Freidegnomëtteg ass et bei Iechternacherbréck zu engem déidlechen Accident komm. E Motorradsfuerer vun 21 Joer huet säi Liewe gelooss, wéi e kuerz hannert der Sortie Ferschweiler an en Auto geknuppt ass. Fir de jonke Mann sollt all Hëllef ze spéit kommen. D'Fra aus dem Auto, déi zu Lëtzebuerg wunnt, wéi d'Police vu Bitburg dem Lëtzebuerger Wort confirméiert huet, hat e Schock. D'Detailer vum Accidenter mussen nach gekläert ginn.

Back to Top
CIM LOGO