
No de gewalttätege Protester vum leschte Weekend a Frankräich ass et en Donneschdeg an Deeler vun der Haaptstad Paräis verbueden ze demonstréieren oder sech ze versammelen. D'Verbuet gëllt vun 8 Auer moies bis 20 Auer owes.
Versammlungen an Demonstratioune sinn der Prefektur vun der Police no net erlaabt virum Elysée, virum Amtssëtz vum Regierungschef, virun der Nationalversammelung an dem Senat, souwéi virun touristeschen Attraktioune wéi dem Louvre an op de Champs-Élysées.
De franséische President Emmanuel Macron an de Regierungschef Sébastien Lecornu wäerte mat Ministeren a Membere vum Geheimdéngscht fir Berodunge beienee kommen. Dobäi soll detailléiert opgelëscht ginn, wat an de leschten Deeg geschitt ass. Fir e Samschdeg sinn a Frankräich nei Protester annoncéiert. De Lecornu huet sech eng "massiv" Presenz vun der Police ugekënnegt.