Internationale WärungsfongDen IWF geet fir dëst Joer vun enger Croissance vun 1,1% aus, och zu Lëtzebuerg

Joel Detaille
An Irland an a Spuenien ass eng gréisser positiv Dynamik ze spieren
An de meeschten Eurolänner wier d'Wirtschaftsdynamik am Laf vum Joer gréisstendeels stabil bliwwen.
© AFP

Trotz grousse geopoliteschen Onsécherheeten dierft d'Eurozon sech wirtschaftlech besser entwéckele wéi geduecht. Dat mengt op alle Fall den Internationale Wärungsfong, deen en Dënschdeg de Moie seng neiste Wirtschaftsprognose publizéiert huet.

Fir dëst Joer geet ee beim IWF vun engem Wuesstem vun 1,1 % aus, fir 2027 dann vun 1,2%.

An de meeschten Eurolänner wier d'Wirtschaftsdynamik am Laf vum Joer gréisstendeels stabil bliwwen, seet den IWF, ausser an Irland an a Spuenien, wou eng gréisser positiv Dynamik ze spiere wier.

Generell hätt sech d'Welt-Ekonomie och besser op d'Präis-Schocke bei der Energie agestallt. Fir Lëtzebuerg geet den IWF fir dëst Joer vun enger Croissance vun 1,1% aus, fir d'nächst Joer vun1,6%.

Back to Top
CIM LOGO