
Wéi hien 1995 am Alter vun dräi Joer d'Trounfolleg vu sengem Papp ugetrueden hat, war hien de jéngste Kinnek vun der Welt. De Rukirabasaija Omukama Oyo Nyimba Kabamba Iguru Rukii IV, kuerz King Oyo genannt.
En Donneschdeg den Owend huet de Premier vun Uganda den Doud vum Monarch annoncéiert, ouni genee Ëmstänn ze nennen. Ufank August ware Gerüchter opkomm, de 34 Joer ale Kinnek wier schwéier krank an hätt fir Behandlunge missen an d'USA geflu ginn. En Deel vu senger Jugend hat hien a Groussbritannien verbruecht.
An Uganda an um afrikanesche Kontinent war den Oyo virun allem bei de jonke Leit bekannt a beléift, 2019 war hien als "aflossräichsten Afrikaner" nominéiert. Hien huet sech a sengem Kinnekräich fir Bildung, Aarbecht a Gesondheet bei de Jonken agesat a war dacks am ganze Land ënnerwee. Säin Tooro-Kinnekräich ass eent vu fënnef an Uganda.
Bis zu sengem 18. Gebuertsdag hat seng Tatta d'Geschäfter vum Land gefouert. Wéi den Oyo 2010 volljäreg gi war, ware Kinneken aus ganz Afrika an Uganda gereest, fir bei der deeglaanger Zeremonie dobäi ze sinn. D'Tooro-Kinneksfamill huet an Afrika vill Afloss. Dem Kinnek Oyo seng Mamm war nom Doud vun hirem Mann mam libesche President Muammar Gaddadi liéiert gewiescht. Dëse wier eng Aart "Pätter" fir den Oyo gewiescht.
Schonn en Donneschdeg den Owend hate sech Dausende Leit virum kinnekleche Palais an der Stad Fort Portal versammelt, fir gemeinsam ze traueren. Wéi a wéini de King Oyo wäert begruewe ginn, ass nach net gewosst. Nofollger um Troun wäert säi Jong ginn, mee och doriwwer feele weider Detailer.