
Wéi e Porte-Parole vun der Police confirméiert huet, goufe sämtlech Fluchgäscht vum Terminal 1 am Berliner Fluchhafen opgefuerdert, d'Gebai ze verloossen. Wéi et heescht, hätt eng Fra beim Guichet vun der Police gesot, si hätt eng geféierlech Substanz bei sech. "Bei der onbestëmmter Substanz kéint eng Gefor net ausgeschloss ginn", sou de Spriecher weider. Dowéinst wier géint 17:45 Auer den Alarm ausgeléist ginn.
De Fluchverkéier war wärend dem Virfall net gestéiert, huet e Porte-Parole vum Berliner Fluchhafe spéider matgedeelt. Et wier och just den ëffentleche Beräich vum Terminal 1 geraumt ginn an dës Gäscht goufe weider un den Terminal 2 geleet. Et kéint eventuell zu Retarde kommen.
Gestéiert war allerdéngs den Zuchverkéier tëscht Schönefeld an dem Fluchhafen BER an d'Leit goufen u Busser verwisen.