
Den Tiger Woods war am Mäerz mat sengem SUV an en Unhänger gerannt. Der Police no war hien net méi kapabel ze fueren. De Golfer hat Opioid-Medikamenter géint Péng bei sech an huet refuséiert, fir een Alkohol- an Drogentest ze maachen.
No där Affär hat de Woods ugekënnegt, datt hie sech géing zeréckzezéien, fir sech behandelen ze loossen a sech op seng Gesondheet ze konzentréieren. E Riichter hat him iwwerdeems erlaabt, fir eng stationär Behandlung an d’Ausland ze reesen.
De Golfer gouf an de leschte Joren ëmmer nees um Réck operéiert. 2021 gouf hie bei engem Autosaccident zu Los Angeles schwéier um Bee blesséiert.