US-Staatsvisitt vum chineesesche PresidentDen Xi wëll mam Trump zesummeschaffen, fir eng militäresch Konfrontatioun ze vermeiden

RTL mat AFP
Bei der Reunioun am Wäissen Haus huet de chineesesche President Xi Jinping fir méi Zesummenaarbecht tëscht China an den USA plädéiert.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Den Xi huet dobäi virun der sougenannter "Thukydides-Fal" gewarnt. Domat ass d'Gefor gemengt, dass Spannungen entstinn, wann eng opkommend Muecht d'Dominanz vun enger etabléierter Muecht erausfuerdert.

"China an d'USA kënnen allebéid vun enger Zesummenaarbecht profitéieren a béid verléieren am Fall vun enger Konfrontatioun", sot den Xi. Och déi zwee Militärmuechte misste reegelméisseg am Dialog bleiwen an d'Mechanisme fir Krisekommunikatioun verbesseren.

De chineesesche President huet ënner anerem proposéiert, 100.000 jonk Amerikaner fir Studentenaustausch a China anzelauden.

Den Donald Trump huet den Xi Jinping a seng Fra Peng Liyuan am Wäissen Haus empfaangen. De US-President sot, hie géif eng "wierklech grouss Frëndschaft" mam chinesesche President hunn. Bei de Gespréicher soll et ënner anerem ëm Sécherheet, Technologie an déi kënschtlech Intelligenz goen.

Trotz dem frëndlechen Toun hu verschidden Analysten Zweifel geäussert, ob sech bei enger Rei vu Sträitfroen dauerhaft stabil Accorde erreeche loossen. Besonnesch bei der Kënschtlecher Intelligenz an am Handel konkurréiere béid Länner weider staark.

Den Handelskonflikt tëscht Washington a Peking soll och Thema sinn. En Ofkommes iwwer méi niddreg Zënsen, déi den Trump an den Xi d'lescht Joer a Südkorea gemaach haten, gouf bis Februar verlängert.

Back to Top
CIM LOGO