
No sengem ëmstriddenen Diesel-Deal mat Russland huet den Donald Trump den ukrainesche President op en Neits ëffentlech virgefouert. De Selenskyj wier "kee gudde Mann fir ze verhandelen. Alles wat e maache géif, wier de Pëtrolspräis an d'Luucht ze dreiwen", sot den Trump am Interview mat engem ultra-konservativen US-Sender.
Dee Selenskyj sëtzt den Ament zu Bréissel mat den europäesche Staats- a Regierungscheffen um zweeten Dag vum Sommet zesummen. Op d'mannst do kann d'Ukrain sech hirem Support nach sécher sinn.
Duerfir huet de Wolodymr Selenskyj sech et och net huele gelooss, fir d'europäesch Spëtzepolitiker als "echt Féierungsperséinlechkeeten" ze bezeechen. Eng indirekt Pick Richtung Amerika also.
Den EU-Rotspresident Antonio Costa sengersäits ass guer net op d'Tensiounen tëscht Washington an Kiew agaangen, huet bei senger Arrivée mam ukrainesche Staatschef an der Kommissiounspresidentin awer direkt am Ufank vu sengem Statement un déi versammelt Journalisten kloer gemaach, wou Europa steet:
“De Support vun der EU fir d’Ukrain ass sou staark wéi ëmmer. Et ass lo net un der Zäit, fir eis Ënnerstëtzung zréckzezéien. Merci fir äert Beispill als Europäer. Dir kënnt ëmmer op eis zielen”.
D'Ukrain kéint also ëmmer op d'Europäer zielen, sou de Costa. Bréissel kritiséiert, datt Russland nach ëmmer net u Fridden interesséiert ass a sech net un déi annoncéiert Wafferou hält. Duerfir misst d'EU den Drock verschäerfen, sot d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen klipp a kloer. Et géif schonn u weidere Sanktioune geschafft ginn.
“Eng Saach ass absolut kloer. Mir hiewe keng Sanktiounen op, soulaang Russland de Krich net stoppt.”
Sou wäit fir déi offiziell Messagen. Mä et gesäit een och, wéi limitéiert den Afloss vun Europa ka sinn. Nodeems de Satellitte-Kommunikatiounsservice Starlink vum Elon Musk zäitweileg an der Ukrain gedrosselt gouf, wouduerch d'Ukrainer Problemer hunn, hir Dronen ze steieren, huet d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas missen zouginn, datt d'EU net d'Kapazitéiten huet, fir de System kuerzfristeg mat enger europäescher Technologie z'ersetzen. Do misst "sou bal wéi méiglech" nogebessert ginn.
Um Agenda stinn e Freideg awer virun allem d'Energiebesoine vun der Ukrain elo am Wanter an de finanzielle Support fir d'nächst Joer mat.