Manifestatioun zu Bréissel"D'Industrie an Europa muss gerett ginn"

RTL Lëtzebuerg
Zu Bréissel ass eng grouss Manifestatioun virun der Europäescher Kommissioun organiséiert ginn, fir op deen ëmmer méi groussen Drock op d'europäesch Industrie opmierksam ze maachen.
Maniff Eurometal zu Bréissel
Zu Bréissel ass eng grouss Manifestatioun virun der Europäescher Kommissioun organiséiert ginn.

Beim "European Convoy for Industrial Competitiveness" hu sech ronn 200 Vertrieder aus der Industrie versammelt.

Vertrieder vum Patronat, vun de Salariatsorganisatiounen an aus industrielle Verbänn hunn vun der europäescher Politik gefuerdert, déi néideg Mesuren ze huelen, fir d'Kompetitivitéit vun der Industrie ze sécheren.

Hir Message ass kloer: D'europäesch Industrie muss an Europa kënne produzéieren a géint d'international Konkurrenz bestoen. Héich Energiekäschten, streng Reglementer an d'Konkurrenz aus Drëttlänner setzen ëmmer méi Betriber ënner Drock.

D'Organisateure warnen, datt ouni séier politesch Mesuren Produktioun, Aarbechtsplazen an industriellen Know-how aus Europa verschwanne kéinten.

Back to Top
CIM LOGO