
Am Joer 2025 hunn d’Länner an der EU 34,4 Milliarden Liter Béier produzéiert. Dat entsprécht engem liichte Réckgang vun 0,7 % am Verglach mat 2024, mee enger Hausse vun 2,2 % am Verglach mat 2020.
De gréissten Deel vum produzéierte Béier, nämlech 32,3 Milliarden Liter, hat en Alkoholgehalt vu méi wéi 0,5 %. Béier mat niddregem Alkoholgehalt (ënner 0,5 %) an alkoholfräie Béier hunn zesummen 2,1 Milliarden Liter ausgemaach.
Däitschland war 2025 de gréisste Béierproduzent an der EU mat 7,4 Milliarden Liter produzéierte Béier, wat 21,6 % vun der an der EU verkaafter Produktioun entsprécht. Spuenie louch op der zweeter Plaz mat 5,3 Milliarde Liter (15,5 %), dono kënnt Pole mat 3,5 Milliarden Liter (10,2 %).
Op de Plaze véier a fënnef kommen Holland mat 2,4 Milliarden Liter (6,9 %), respektiv Frankräich mat 2,1 Milliarden Liter (6,0 %).