Appellsprozess ëm Verontreiung vun EU-SuenD'Marine le Pen wier sech kenger Schold bewosst

RTL mat AFP
Am Appellsprozess ëm de Reproche vun der Verontreiung vun EU-Suen geet et fir d'Marine Le Pen ëm hir politesch Zukunft
D'Marinne Le Pen beim Optakt vum Appellsprozess ëm d'Verontreiung vun EU-Suen am Januar 2026.
D’Marinne Le Pen beim Optakt vum Appellsprozess ëm d’Verontreiung vun EU-Suen am Januar 2026.
© ALAIN JOCARD/AFP

Zu Paräis war en Dënschdeg den Optakt vum Appellsprozess ëm eng méiglech Verontreiung vun EU-Sue géint déi aktuell Fraktiounsvirsëtzend vum Rassemblement National am franséische Parlament a fréier EU-Deputéiert Marine Le Pen. Am Prozess geet et ëm de Reproche, dass d’Europadeputéiert vum Rassemblement National, deen deemools nach Front National geheescht huet, tëscht 2004 an 2016 Suen, déi fir d’Bezuelung vu Mataarbechter vum EU-Parlament geduecht waren, benotzt hätte, fir Mataarbechter vun hirer eegener Partei ze bezuelen.

Vum Marine Le Pen huet et Dënschdeg fir den Optakt vum Appellsprozess geheescht, dass si net d’Gefill hätt, an deem Zesummenhang eng Strofdot begaangen ze hunn. Wann iwwerhaapt e Feeler begaange gi wier, da vun der Säit vum Europäesche Parlament, sou déi franséisch Rietspopulistin. Dëst hätt Kenntnis iwwer d’Inhalter vun den Aarbechtsverträg vun den Assistente vun den Deputéierte gehat. Deen Ament wier et un der Institutioun gewiescht, si op méiglech Probleemer mat de Kontrakter hinzeweisen.

D’Marine Le Pen war an éischter Instanz wéinst der Verontreiung vun EU-Sue verurteelt ginn. Dat ënner anerem zu enger Prisongsstrof vu véier Joer, vun deenen der zwee op Sursis sinn an déi aner zwee duerch d’Droe vun enger elektronescher Foussfessel solle verbéisst ginn. Vill méi schwéier getraff hunn dierft d’Politikerin awer de Verloscht vun hirem passive Walrecht fir en Zäitraum vu fënnef Joer.

Sollt et och nom Appellsprozess beim Urteel aus der éischter Instanz bleiwen, wier si domat vun de Presidentiellen d’nächst Joer a Frankräich ausgeschloss. Sollt si vun dëse Walen ausgeschloss bleiwen, wëll de Rassemblement mam 30 Joer alen Jordan Bardella als Kandidat an d’Presidentielle goen. Deementspriechend geet et fir d’Marinne le Pen am aktuelle Prozess och ëm hir politesch Zukunft.

D’Urteel am Appellsprozess soll bis de Summer geschwat ginn.

Back to Top
CIM LOGO