Nei Menacen op Truth SocialDonald Trump annoncéiert ëmfaassende "Wirtschaftskrich" géint den Iran

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
En Vue vu Verhandlunge mat Teheran, déi net wierklech virukommen, huet den US-President Trump en ëmfaassende "Wirtschaftskrich" géint den Iran annoncéiert.
Angesichts der stockenden Verhandlungen mit Teheran hat US-Präsident Donald Trump einen umfassenden "Wirtschaftskrieg" gegen Teheran angekündigt. Es werde sich um "die vernichtendste Wirtschaftsoperation" aller Zeiten handeln.
© AFP

Wéi de President e Mëttwoch op senger Social-Media-Plattform Truth Social geschriwwen huet, wäert et sech ëm "déi vernichtendst Wirtschaftsoperatioun" vun allen Zäiten handelen. Ausserdeem huet en all Land, dat den Iran ënnerstëtzen oder mat ëm Geschäfter maache géif, "enorm" Strofmesuren ugedreet.
"Haut annoncéieren ech déi vernichtendst Wirtschaftsoperatioun, déi jee géint e Land ausgeféiert gouf", esou den Trump a sengem Post. "Dat wäert e Wirtschaftskrich an eng Isolatioun an engem Ausmooss ouni Beispill ginn".

Wéi eng Länner senger Meenung no mat Teheran zesummeschaffen a wéi d'Konsequenze fir dës sollen ausgesinn, huet en dobäi oppe gelooss.

Back to Top
CIM LOGO