Sträit ëm Kontroll iwwer GrönlandDonald Trump annoncéiert Stroftaxe géint eng Partie europäesch Länner

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President mécht am Sträit ëm d'Kontroll iwwer Grönland eescht mat senger Menace vu Stroftaxe géint europäesch Länner.
© AFP

Kuerz no 17.30 Auer europäescher Zäit e Samschdegowend huet den Donald Trump annoncéiert, dass Wueren, déi aus Dänemark, Däitschland, Norwegen, Schweden, Frankräich, Groussbritannien, Holland a Finnland an d’USA importéiert ginn, vum 1. Februar u mat enger Stroftax vun 10 Prozent beluecht ginn. Wéi den US-President op senger Social-Media-Plattform “Truth Social” schreift, sollen dës Taxen des 1. Juni op 25 Prozent erhéicht ginn. Si sollen esoulaang a Kraaft bleiwen, bis en Ofkommes, iwwert de Kaf vu Grönland erreecht wier.

Back to Top
CIM LOGO