
Et geet ëm eng Geschicht aus dem Joer 2006: Deemools soll den Donald Trump eng sexuell Affär mat der Pornoactrice Stormy Daniels gehat hunn. Dat kuerz nodeems säi jéngste Bouf Barron gebuer gouf. Den Trump seet, datt dat nimools geschitt wier. Hie gëtt awer zou, datt kuerz virun de Presidentiellen am Joer 2016 een Accord fonnt gouf, fir dem Stephanie Gregory Clifford - sou heescht d’Stormy Daniels iwwregens mat richtegem Numm - 130.000 Dollar ze iwwerweisen, fir datt si sech net méi ëffentlech äussert. Déi Sue goufe vum Trump sengem deemolegen Affekot Michael Cohen iwwerwisen. Sou wäit, sou legal. Ma den Trump soll dem Cohen déi Sue méi spéit zeréckbezuelt hunn, woubäi den Transfert net richteg verbucht gouf.
Well den Donald Trump vun der Jury fir schëlleg befonnt gouf, riskéiert hien e puer Joer Prisong. Experte ginn awer dovunner aus, datt hien am Fall vun enger Verurteelung am schlëmmste Fall eng Geldstrof kritt. Ma souguer wann hien inhaftéiert géing ginn, kéint hien awer zum President gewielt ginn.
Et ass déi éischte Kéier an der amerikanescher Geschicht, dass en Ex-President wéinst enger Strofdot verurteelt gëtt. Den Donald Trump huet nom Urteel vun der Jury net mat Kritik un der Jury an dem Riichter gespuert, an nees vun enger Biden-Verschwörung geschwat. De Riichter wier korrupt an der reaalt Urteel, géif de 5. November bei de Presidentschaftswale falen. Hie wier onschëlleg an hie géif fir säi Land kämpfen.
Wéi héich d’Strof ausfält, soll den 11. Juli matgedeelt ginn. Dat huet de Riichter Juan Merchan matgedeelt. Dat wäert allerdéngs nëmmen de Fall sinn, wann den Donald Trump net géint d’Urteel a Revisioun geet.
Trump-Prozess: Ex-Affekot Cohen schwätzt iwwer Schweigegeld, dat bezuelt gouf (14.5.24)
Geriichtsprozess géint den Donald Trump: D’Actrice Stormy Daniels huet ausgesot (7.5.24)