
Nach éier e seng Ried ugefaangen hat, hunn Dosenden Diplomaten de Sall verlooss. Den Netanjahu huet direkt reagéiert an déi Leit als "moralesch Feiglinge" bezeechent.
D'Kricher vun Israel huet hie verdeedegt, d'Reprochë vu Vëlkermord géint säi Land huet en als "déi gréisste Lige vum Joerhonnert" bezeechent.
Israel hätt e Vëlkermord verhënnert. Wann Israel d'Hamas net gestoppt hätt, hätten déi jiddereen ëmbruecht, esou den Netanjahu.
D'Decisioun, fir den Iran unzegräifen, wär eng vun de "liichtsten Decisioune gewiescht", déi e jee hätt missen huelen. Wann hien et net gemaach hätt, "wäre mer elo all dout", sou den Netanjahu. Hien hätt sech geschwuer, ze verhënneren, datt den Iran eng Atombomm baut.
D'Gewalt vun israeelesche Siidler géint Palästinenser am Westjordanland huet den israeelesche Premier dann als Dote vun "enger Handvoll jonk Stroftäter" verharmloost. "Wat d'Medie weisen, ass eng Handvoll jonk Stroftäter, eng 150 un der Zuel, déi lasszéien, Steng geheien oder Olivebeem haen".
Schaarf Attacke gouf et dann och géint den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, deen en als "Tyrann" bezeechent huet an deem e reprochéiert, "Cheffe vun Terrororganisatiounen* Asyl ze ginn.
Dës weideren huet de Benjamin Netanjahu och Groussbritannien a Frankräich wéinst hirem koloniale Passé kritiséiert: "Si geheien Israel, dem winzegen Israel, Kolonialismus vir - wat fir ee Kolonialismus, a wie geheit eis dat vir? Dorënner Mënschen a Groussbritannien a Frankräich. Ëm Gottes wëllen, si hunn de Begrëff erfonnt".
Am Virfeld vun de Ried hat déi palästinensesch Delegatioun aner Delegatiounen zum Protest géint den Netanjahu opgeruff.
Ronderëm d'Gebai vun der UNO gouf et dann och Protester vun e puer honnert Leit. Och Schauspillerinne wéi d'Susan Sarandon oder d'Cynthia Nixon hu manifestéiert a goufe vun der Police matgeholl. De Buergermeeschter vun New York, de Zohran Mamdani, ass e grousse Kritiker vum Netanjahu. Hien hat zu Protester opgeruff a gouf vum israeelesche Premier als "antisemittesch" vernannt.