
Een Dag nom déidleche Brand an enger Bar zu Crans-Montana an der Schwäiz mat 40 Doudegen ass d’Situatioun an de Schwäizer Spideeler weider ganz ugespaant, sou de Regierungschef vum Wallis. Fleegepersonal hätt Congéen annuléiert, fir de Kolleegen ze hëllefen. Nieft de lokale Spideeler wieren och déi spezialiséiert Spideeler zu Zürech an zu Lausanne antëscht ausgelaascht.
Deemno géifen an den nächste Stonne wuel och Blesséierter an d’Ausland transferéiert ginn. Donieft solle franséisch Spezialiste fir schwéier Brandblessuren an d’Schwäiz transferéiert ginn. Och d’Lëtzebuerger Air Rescue waart RTL-Informatiounen no drop, e Freideg véier schwéierblesséiert Patienten aus der Schwäiz an Däitschland op Köln ze fléien. Déi nächst Deeg kéint d’Air Rescue weider Transporter vu Blesséierten aus der Schwäiz realiséieren.
“Dëst ass eng vun deene schlëmmsten Tragedien an der Schwäizer Geschicht”, esou de Schwäizer President Guy Parmelin bei enger Pressekonferenz en Donneschdeg den Owend. Déi nächst 5 Deeg ginn d’Fändelen op de Regierungs- a Parlamentsgebaier zu Bern op Hallefmast gehaangen.
An der Nuecht op en Donneschdeg ass et an engem Bar zu Crans-Montana wärend der Silvesterparty zu engem Groussbrand komm. D’Police aus dem Kanton Wallis huet d’Ongléck, dat géint 1.30 Auer geschitt wier, confirméiert. Offiziellen Aussoe vun den Autoritéite no um Donneschdeg den Owend si 40 Persoune gestuerwen, 115 Persoune goufe blesséiert.
D’Identitéit vun den Doudegen a Blesséierten ass nach net gekläert. D’Autoritéiten hu vill Schwéierverletzter a staark verbrannte Persounen gemellt; d’Identifikatioun kéint nach eng Zäit brauchen.
D’Enquête zur Brandursaach leeft nach. Dobäi ginn och Handyen, déi op der Plaz fonnt goufen, analyséiert. Zu Rumeuren, datt Käerzen oder Knupperten de Brand ausgeléist hätten, wollt ee sech nach net äusseren.
Zum Brand wier et am Sous-sol vum Etablissement komm, mellt RTS. Aenzeien hunn ausgesot, dass et an deem Raum just een Noutausgang géing ginn.
Zwou Aenzeien hunn dem franséische Sender BFMTV gesot, si hätte gesinn, wéi eng Gebuertsdagskäerz op enger Schampesfläsch ze no un den hëlzene Plaffong komm wier, esou datt deen ugefaangen hätt mat brennen. Déi zoustänneg Procureure d’état générale huet eng Attack als Ursaach vum Feier ausgeschloss.
Den 18 Joer ale Lëtzebuerger war mat 4 Frënn an der Disko, vun hinne goufen der 3 uerg verwonnt. Hien huet iwwerflächlech Verbrennungen un e puer Fanger.
Sëllege Rettungsdéngschter waren am Asaz, iwwert der Uertschaft war e Fluchverbuet verhaange ginn, fir datt 10 Helikoptere lande konnten, a fir Familljemembere ass eng Info-Hotline ageriicht ginn. D’Spideeler aus der Ëmgéigend sinn alleguer iwwerlaascht, sou datt den Opruff lancéiert ginn ass, op riskant Aktivitéiten ze verzichten, fir datt duerch weider Noutfäll sou mann wéi méiglech Personal ofgestallt misst ginn.

Vum Grand-Duc Guillaume koum um Donneschdeg den Owend dëse Message, an deem hien am Numm vum Lëtzebuerger Vollek an a sengem perséinlechen Numm de Familljen an de Leit, déi den Affer no stoungen, säin éierlecht Bäileed an de Blesséierte säin déifst Matgefill matdeelt.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet op X säi Matgefill ausgedréckt:
Den Ausseminister Xavier Bettel huet op RTL-Nofro hi gesot, säi Ministère wier a Kontakt mat der Ambassade zu Bern.
De franséischen Ausseministère huet iwwerdeems bekannt ginn, dass ënnert de Blesséierten zwee franséisch Staatsbierger wieren.
Den FC Metz huet um Donneschdeg den Owend annoncéiert, datt de Spiller Tahirys Dos Santos ënner den uerg Blesséierten ass.
Déi Schwäizer Autoritéite ginn dovunner aus, datt och auslännesch Gäscht ënnert den Doudege wäerte sinn, well Crans-Montana eng beléiften Touristendestinatioun ass. Op der Pressekonferenz ass gewarnt ginn, aus Respekt virun de betraffene Famillen net iwwer d’Ursaach vum Brand ze spekuléieren.
