
D'Fra vum Ugeklote gouf zu zwee Joer op Sursis verurteelt. Entstane war e Schued vu bal 250.000 Euro.
De Mann soll vun 2013 un an honnerte Fäll deels mat Gewalt Zant-Gold a Form vu Fëllungen, Krounen oder Prothesen aus de Gebësser vu Läiche geklaut hunn, déi hätte sollen ageäschert ginn. Dëst Gold hätt en du weider Verkaf. Donieft soll en den Doudegen och Bijouen, Aueren an aner Wäertgéigestänn ofgeholl a fir sech gehalen hunn.
Seng Fra huet sech och un de Verkeef bedeelegt a bei den Déifställ gehollef. Tëscht 2013 an 2024 hunn déi zwee esou iwwer 8 Kilogramm Zant-Gold an honnerte Gramm Gold-Bijouen u sech geholl a fir insgesamt bal 250.000 Euro weiderverkaf.