
Dräi Persoune goufe beim Äerdstouss en Dënschdeg de Moie liicht blesséiert. Si goufe vu Stécker getraff, déi duerch Rëss u Gebaier erofgefall sinn.
Dat neit Äerdbiewen hat eng Stäerkt vu 4,8 op der Richterskala, wéi de spuenesche Geografieinstitut géint 10:48 Auer gemellt huet. Den Epizenter louch zu Alhendín, ronn 10 Kilometer südlech vu Granada. Do war et jo schonn e Samschdeg zu engem Äerdbiewe vu 5,0 komm. Deen Ament koum et zu Schied, awer et war kengem eppes geschitt.
Eng 500 Appeller si bei de Pompjeeën erakomm wéinst Rëss a Maueren, Debrisen an anere Virfäll am Zesummenhang mam neie Biewen. Eng Dose Mënschen hu medezinesch Hëllef gebraucht, dräi goufe verwonnt, sou den andalusesche Katastropheschutzbeoptraagten Antonio Sanz. Dorënner war e Meedchen, dat an d'Spidol koum.
Och Akafszenteren a sämtlech ëffentlech Gebaier, mat Ausnam vun e puer néidegen Institutiounen, goufen aus Sécherheetsgrënn evakuéiert. D'Buergermeeschtesch Marifran Carazo huet de Bewunner bis op Weideres geroden, doheem ze bleiwen. Am Fall vun engem weideren Äerdstouss soll ee sech net am Fräien ophalen.
Den andalusesche Regionalpresident Juan Manuel Moreno hat viru méiglechen Nobiewe gewarnt an et soll ee virsiichteg bleiwen.
Zu Granada steet och déi weltberüümten Alhambra, déi zum Weltkulturierwe vun der Unesco gehéiert. Deeler vun der mëttelalterlecher Anlag goufe geraumt, Experten ënnersichen de Komplex op eventuell Schied.