
Bei enger israeelescher Attack an der Gazasträif sinn der Hamas no dräi Journalisten ëm d’Liewe komm, dorënner ee fréiere Mataarbechter vun der Noriichtenagence AFP. Déi dräi Männer wieren e Mëttwoch bei enger israeelescher Loftattack an der Regioun Al-Sahara südwestlech vun der Stad Gaza ëmbruecht ginn, wéi den Zivilschutz vun der Hamas erkläert huet.
Der israeelescher Arméi no hätten d’Zaldoten e puer Verdächteger lokaliséiert, “déi eng mat der Hamas verbonnen Dron am Zentrum vun der Gazasträif bedéngt hunn”. D’Dron wier eng Menace fir d’Zaldote gewiescht, wouduerch d’Arméi déi Verdächteg, déi se aktivéiert hätten, “prezis attackéiert”. D’Detailer géinge gepréift ginn.
Den Zivilschutz vun der Hamas huet d’Nimm vun den Doudege bekannt ginn. Dëst wieren den Anas Ghneim, de Mohammed Salah Kaschta an den Abul Rauf Schaath. De Schaath hat zanter 2024 e puer Mol als Foto- a Videojournalist fir d’AFP geschafft. Hie war zum Zäitpunkt vun der Attack net am Optrag vun der AFP ënnerwee, säi leschte Bericht am Optrag vun der Noriichtenagence gouf e Méindeg publizéiert.
Een Aenzeien sot AFP op der Plaz, datt déi dräi Männer eng Dron agesat hätten, fir eng Verdeelung vun humanitärer Hëllef vun der ägyptescher Organisatioun ze filmen, wéi en Auto, dee si begleet huet, Zil vun enger Loftattack gi wier. Den Zivilschutz schwätzt vun enger israeelescher Dronenattack op en “zivilt Gefier”.
De Spriecher vum ägypteschen Hëllefskommitee sot, datt ee vun den Autoe vun der Organisatioun “wärend enger humanitärer Missioun” attackéiert gi wier. Dës hätt “zum Doud vun dräi Persoune gefouert”. All d’Gefierer vun der Organisatioun hätten de Logo vum Kommitee drop.
Déi palästinensesch Journalistegewerkschaft huet d’Attack staark verurteelt. De Virfall wier Deel vun enger “systematescher a bewosster Politik vun der israeelescher Besatzungmuecht, palästinensesch Journaliste geziilt unzegräifen”.
Enger Zielung vun der Organisatioun Reporter ouni Grenze koumen tëscht dem 1. Dezember 2024 an dem 1. Dezember 2025 op d’mannst 29 palästinensesch Journalisten an der Gazasträif ëm d’Liewen. Domat war Israel fir déi drëtt Kéier an der Suite fir déi meescht ëmbruecht Journaliste weltwäit responsabel.