Reproche vu Viol a sexueller AggressiounDräi nei Plaintë géint de Sänger a Schauspiller Patrick Bruel

RTL Lëtzebuerg
Dëst sinn net déi éischt sou Virwërf géint de franséische Star.
© STEPHANE DE SAKUTIN/AFP

Et ginn dräi nei Plaintë géint de Sänger a Schauspiller Patrick Bruel. Zweemol gëtt him Viol, also Vergewaltegung, reprochéiert an eemol eng sexuell Aggressioun vun engem mannerjärege 15 Joer ale Meedchen.

Déi nei Affäre ginn zréck op d'Joren 1992, 2000 an 2014. De Sänger vu 67 Joer ass scho wéinst véier Affären ugeklot. A véier weidere Fäll gëtt et en Ufanksverdacht.

De Bruel ass net an Untersuchungshaft a streit all d'Beschëllegungen of.

Back to Top
CIM LOGO