Op d'mannst 30 DoudegerDreckstipp a Guinea op Siidlung gerutscht

AFP
An der Nuecht op e Sonndeg ass eng Deponie un d'Rutsche geroden.
Beim Abrutsch einer Müllkippe auf ein Wohngebiet in Guinea sind mindestens 30 Menschen ums Leben gekommen. Mindestens 22 Menschen wurden verletzt, sechs von ihnen schwer.
Symbolbild
© AFP

A Guinea ass an der Nuecht op e Sonndeg en Dreckstipp op e Wunngebitt gerëtscht, wéi d'Regierung am westafrikanesche Land matgedeelt huet. Op d'mannst 30 Persoune koumen dobäi ëm d'Liewen, gutt 22 weiderer goufe verwonnt dorënner 6 méi uerg.

Aktuell gëtt nach no Persoune gesicht, déi verschott goufen, ma et ginn och nach ëmmer vill Läichen am Viruert Dar es salam um Bord vun der Haaptstad Conakry gebuergen.

Zum Virfall koum et wuel duerch de ville Reen. D'Deponie huet déi komplett Siidlung ënnert sech begruewen. Déi Deeg virdrun hat d'Regierung gefuerdert, dass d'Gebitt sollt geraumt ginn a Sécherheetsmesuren en place gesat ginn, well den Tipp instabil gi war.

Den Oppositiounspolitiker a fréiere Regierungschef Cellou Dalein Diallo huet op Facebook erkläert, d'Ongléck wier "ëmsou méi beonrouegend, well fir e Sonndeg decidéiert gi war, d'Deponie zouzemaachen". Hien huet d'Autoritéiten opgefuerdert, "d'Ëmstänn a voller Transparenz" ze klären, déi zu dëser Katastroph geféiert hunn, fir doraus Konsequenzen ze zéien".

Back to Top
CIM LOGO