Zanter Ufank JuliDrëtten Doudesfall no Malaria-Infektioun beim Frankfurter Fluchhafen

AFP, iwwersat vun RTL
No zwou Infektioune mat Malaria net wäit vum Frankfurter Fluchhafen ass ee Mënsch un de Suitte gestuerwen.
Nach zwei Infektionen mit Malaria nahe dem Flughafen von Frankfurt am Main ist ein Mensch an den Folgen gestorben. Der betroffene Mensch wohnte in unmittelbarer Nähe zum Flughafen, wie die Stadt mitteilte.
Zanter den éischten Infektioune ronderëm de Frankfurter Fluchhafen sinn antëscht schonn dräi Leit gestuerwen.
© AFP/Archiv

Déi betraffe Persoun huet direkt an der Géigend vum Fluchhafe gewunnt, wéi d'Stad en Donneschdeg matgedeelt huet. D'Zuel vun den Doudesaffer am Zesummenhang mat de Fäll vu Malaria, déi zanter Juli ronderëm de Frankfurter Fluchhafen opgedaucht sinn, klëmmt domat op dräi.

Zanter Ufank Juli kruten insgesamt sechs Mataarbechter vum Frankfurter Fluchhafe Malaria. Zwee vun hinne sinn un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen. Kee vun hinne war virdru selwer an engem Malaria-Gebitt.

En Dënschdeg hat d'Stad zwou weider Infektioune baussent dem Fluchhafen am Quartier Schwanheim bekannt ginn. Déi Betraffen hunn net um Fluchhafe geschafft a waren och net an engem Malaria-Gebitt. Wéi si sech infizéiert hunn, ass net kloer.

Wéi et vum Gesondheetsamt heescht, goufen zanter dem Ufank vun der Woch keng weider Infektioune gemellt. Deemno gëtt d'Krankheet am Alldagskontakt net vu Mënsch op Mënsch iwwerdroen. Fir eng Transmissioun muss ee vun enger infizéierter Méck gepickt ginn.

Warscheinlech war eng infizéiert Méck, déi an engem Fliger an Däitschland koum, de Grond fir d'Infektiounen. De Robert-Koch-Institut geet dovunner aus, datt d'Infektioune vun enger Anopheles-Méck koum, déi u Bord vun engem Vol war an esou importéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO