Et geet ëm Deals, déi potentiell an den dräistellege Milliardeberäich leien, also méi wéi de PIB vu Lëtzebuerg am Joer 2024. U sech hat Netflix déi geplangten Iwwernam vu Warner Bros Discovery jo praktesch schonn an dréchenen Dicher gehat, dat mat enger Offer vu bal 83 Milliarden Dollar, also ronn 71 Milliarden Euro.
Iwwert de Weekend dunn huet sech Paramount dat Ganzt nach eemol iwwerluecht an du selwer nach eemol eng Offer un d’Aktionäre gemaach, déi mëttlerweil sechsten Offer. Hei koum et zu enger Bewäertung vun 108,4 Milliarden Dollar, ëmgerechent ronn 93 Milliarden Euro. Dëst wiere ronn 30 Euro pro Aktie, déi Paramount den Aktionäre bei Warner Bros Discovery wéilt bezuelen, 130% iwwert dem momentane Wäert vun 12,54 Dollar.
De Chef vu Paramount, den David Ellison, Bouf vum Tech-Milliardär Larry Ellison, huet d’Aktionären dann och direkt ugeschwat a se opgefuerdert, déi “besser Offer” ze préiwen. Paramount Skydance wëll dann och, anescht wéi Netflix, Warner Bros Discovery zesumme mat de Fernseesendere CNN, TNT, TBS an Discovery iwwerhuelen. Netflix dogéint ass just un der Produktioun am Beräich vum Streaming interesséiert. Dëst wier déi bei Wäitem gréissten Iwwernam an dësem Secteur. Bis ewell huet Disney de Rekord, wéi am Joer 2019 Fox fir 71 Milliarden Dollar iwwerholl gouf.
Mat der neier Offer vu Paramount krut Netflix an domadder de Chef Ted Sarandos natierlech e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Ma net nëmmen huet de Konkurrent Paramount elo massiv bei der Offer nogeluecht, ma den US-President Donald Trump huet och seng Bedenke geäussert. Hien hätt sech mam Ted Sarandos vun Netflix an der Woch virum Deal säitens Netflix getraff, dësen huet hien als “e fantasteschen Typ” bezeechent.
Ma d’Fro, déi sech laut Trump géif bei enger Iwwernam vu Warner Bros duerch Netflix stellen, wier, ob de massive Maartundeel vun Netflix dann net géif ze grouss ginn. Dëst “kéint e Problem ginn”, sou den Trump viru Reporter: “Genee dat ass d’Fro. Mir hunn et hei mat engem wierklech extrem grousse Marché ze dinn. A wann Netflix elo Warner Bros huet, dann hätte si e risege Maartundeel. Mir mussen eis do zesummesetzen an dat kucken. Ech wäert do och un den Diskussiounen deelhuelen. Den Ted Sarandos war d’lescht Woch bei mir am Oval Office, ech hu vill Respekt fir hien, hien ass eng groussaarteg Persoun. Hien huet esou vill Aarbecht am Beräich vum Film an anere Beräicher gemaach. Mä et ass e grousse Maartundeel an dat kéint e Problem ginn.”
Dat misst een elo kucken a beschwätzen, bei den Diskussioune wier hie selwer dann och aktiv mat involvéiert, heescht et weider vum Donald Trump. Iwwregens huet och de Star-Regisseur James Cameron eng Iwwernam duerch Netflix als “eng Katastroph” bezeechent, dat well den iwwermächtege Streaming-Gigant d’Kino-Produktioun nach méi aschränke géif.
Kritiker allerdéngs gesinn heiranner net den eenzege Grond, wisou den Donald Trump eng Iwwernam duerch Netflix kritesch geséich. Net nëmmen huet Paramount déi besser Offer am Moment um Dësch leien, ma de Chef vu Paramount, den David Ellison, fleegt gutt Relatioune mam Wäissen Haus. Kierzlech eréischt gouf d’US-Filmproduktiounsfirma Paramount, déi jo en eegene Streaming-Déngscht huet, vum Trump-Supporter a Software-Milliardär Larry Ellison iwwerholl, deen de Papp vum David Ellison ass.
Ënnert anerem huet de Guardian am November gemellt, dass héichrangeg Beamten am Wäissen Haus eng Iwwernam vu Warner Bros. duerch Paramount géife begréissen. E wichtege Grond heivir ass och de Sender CNN, dee jo zum Grupp vu Warner Bros gehéiert an esou inhaltlech säitens der US-Regierung kéint ugepasst ginn. CNN ass jo bekannt, eng kloer kritesch Positioun géigeniwwer dem Donald Trump a senger Politik ze hunn.
Den David Ellison soll dann och scho bei Visitten am Wäissen Haus Entloossunge vun Trump-kritesche Leit bei CNN ugeschwat hunn. Hei soll et ënnert anerem ëm d’Moderatricen Erin Burnett a Brianna Keilar goen, sou de Guardian weider. Och wat de Programm vum Sender betrëfft, wier schonn intensiv diskutéiert ginn.
Géif dëse Schratt mat der neier Offer vu Paramount ëmgesat ginn a Warner Bros den Deal agoe géif, wier dëst e weidere Coup géint déi elo scho staark beschiedegt Medielandschaft an den USA. Och wann d’US-Regierung Trump nëmme passiv bei der Ëmstrukturéierung vun engem “onbeléifte Sender” involvéiert wier, hätt d’Regierung och hei nees indirekt e relativ groussen Afloss.
An dass den Donald Trump regierungskritesch Medien net mat Hännercher upéckt, ass jo kee Geheimnis: Ëmmer nees deelt den Trump géint Medien aus, déi net op senger Linn leien, bezeechent d’Aarbecht vu deenen als “Fake News” a féiert souguer um offizielle Site vun der Regierung eng Lëscht mat sougenannte “Medien-Sënner”. Hei gi carrement eenzel Persoune vu verschiddene Medien genannt, déi presuméiert Fake News géife verbreeden.
Net nëmmen aus ideologeschen, mä och aus familiäre Grënn dierft den Donald Trump net wierklech neutral beim Deal ëm Warner Bros sinn. Wéi Axios mellt, wier den Eedem vum Trump, den Jared Kushner, ee vun de Investisseure bei der Offer, déi Paramount elo aktuell proposéiert huet. Dëst wier besonnesch kritesch ze gesinn, dat well Paramount den Aktionäre schonn zougeséchert hätt, dass den Oflaf vun der Iwwernam méi onproblematesch géif verlafen, wéi et bei Netlix de Fall wier. Ob d’Grënn dofir déi gutt Relatiounen zu der Trump-Regierung sinn, doriwwer kann natierlech just spekuléiert ginn...