Vill Flëss goufen iwwer Joerzéngten agegrenzt oder duerch Weieren a Barrièren ënnerbrach. Doduerch ass d’Biodiversitéit zeréckgaangen – mee virun allem gouf den natierlech Floss vum Waasser gestéiert: an de Risk fir Iwwerschwemmunge klëmmt – esou och zu Munneref 2016 an 2021.
D'Gander zu Munneref ass e gutt Beispill, datt renaturéiert Baachen a Flëss méi Waasser an der Landschaft halen a späichere kënnen. D'Konsequenz dovun: d'Iwwerschwemmungsgefor gëtt reduzéiert an d'Biodiversitéit ka sech op dëse Plaze besser entwéckelen. D'Renaturéierung ass deemno net just Naturschutz, mä och Klimaupassung.
Am November d'lescht Joer ass den éischte Renaturéierungsdësch lancéiert ginn. Zënterhier hu Vertrieder vu Gemengen, Natur- a Landwirtschaft 51 konkret Mesuren ausgeschafft, fir d'Renaturéierung ze beschleunegen. Eng vun de gréissten Erausfuerderunge bleift dobäi: genuch Terrainen ze fannen. Den Ëmweltminister Serge Wilmes erkläert:
“Datt een net onbedéngt d'Terraine muss kafen, mee och mat engem Bail emphytéotique ka schaffen ... an datt mer de Proprietären an Zukunft souguer ee Subsid ginn, eng Form Klimabonus, fir Renaturéierungen ze maachen. Dat si Mesuren, fir méi séier un Terrainen ze kommen."
Nieft neie finanzielle Ureizer solle Prozedure vereinfacht ginn. Doduerch sollen d'Renaturaliséierungsprojeten an Zukunft däitlech méi séier virukommen. Och d'Gemenge spille dobäi eng Schlësselroll, esou den Inneminister Léon Gloden.
“D'Gemenge kennen natierlech den Terrain bei sech besser. Si wësse genee, wou et bei Iwwerschwemmungen zu Problemer kënnt an do kënne si méi séier konkret Mesuren huelen."
D'Zil ass et, d'Renaturéierung méi no un den Terrain ze bréngen an d'Gemenge méi staark anzebannen. Kloer ass awer: Bis sech d'Gewässer nohalteg erhuelen, wäert et Zäit brauchen, wéi d'Nora Elvinger vun der Natur-, Waasser- a Bëschverwaltung erkläert:
“Et ass e Benefice fir d'Gesellschaft, mee et soll och e Benefice si fir déi, déi Terrainen zur Verfügung stellen. Mir wëllen do nei finanziell Ureizer ginn, eng Aart Klimabonus an d'Bewirtschaftler, fir hir Leeschtung remuneréieren."
Bis déi éischt Mesuren ëmgesat sinn, wäert awer nach daueren. Am Hierscht sollen déi néideg Gesetzes- a Reglementsännerungen op de Wee bruecht ginn. D'Regierung hofft domat, d'Renaturéierung an den nächste Joren ze beschleunegen an d'Waasserqualitéit vu Lëtzebuerger Flëss a Baachen och op vun der EU gefrote Standarden ze héijen.