
Um 35. Onofhängegkeetsdag kënnt e Méindeg och déi sougenannt "Coalition of the Wiling" an der Ukrain zesummen. Eng Dosen europäesch Staats- a Regierungscheffe gi sech zu Kiew erwaart, fir iwwer d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain ze beroden. Eng Partie Vertrieder schalte sech virtuell bäi. Et geet an der Haaptsaach ëm weider Sanktioune géint Russland a Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain.
Schonn um Sonndeg hat de President Wolodymyr Selenskyj sëllege Staats- a Regierungscheffe begréisst, déi am Kader vun de Feierlechkeeten ugereest sinn.