Méi séier op Menacen duerch Technologie reagéierenD'USA a China diskutéieren iwwer d'Ariichte vun engem "KI-Dialog"

AFP, iwwersat vun RTL
Verschidde Cheffe vu grousse KI-Firmen, wéi den Dario Amodei vun Anthropic an de Sam Altman vun OpenAI, hu sech jo an der Vergaangenheet fir méi Virsiicht bei der Entwécklung vun der Technologie ausgeschwat.
De chineesesche Vize-Premier He no de Gespréicher zu New York.
De chineesesche Vize-Premier He no de Gespréicher zu New York.
© KENA BETANCUR/AFP

D'USA a China wëllen e Kommunikatiounskanal opbauen, fir méi séier op méiglech Bedroungen duerch Kënschtlech Intelligenz (KI) reagéiere ze kënnen. Béid Länner hunn iwwer d'Ariichte vun engem sougenannten "USA-China-KI-Dialog" diskutéiert. Dat sot den US-Finanzminister Scott Bessent e Sonndeg no Gespréicher mam chineesesche Vize-Regierungschef He Lifeng zu New York. D'Gespréicher ware kuerz virum geplangte Besuch vum chineesesche Staatschef Xi Jinping an den USA. Nieft Handelsfroen ass et virun allem ëm d'Risiken an d'Sécherheetsgefore gaangen, déi mat der séierer Entwécklung vun der KI verbonne sinn.

Béid Säite schwätze vu konstruktive Gespréicher

Dem Bessent no hätten d’USA China e Mechanismus virgeschloen, duerch deen déi zwou Säite sech géigesäiteg iwwer KI-Virfäll a méiglech Sécherheetsbedrounge kéinten informéieren. D'Gespréicher zu New York hunn ongeféier aacht Stonne gedauert. Nieft dem Bessent an dem He Lifeng waren och den US-Handelsbeoptraagten an Trump-Beroder Jamieson Greer an eng chineesesch Delegatioun dobäi. De Bessent an den He Lifeng hunn och ënner véier Ae geschwat. De Bessent huet d'Treffen als "extrem erfollegräich" bezeechent, wärend de Greer betount huet, datt eng Zesummenaarbecht tëscht den USA a China wichteg wier.

Och China huet sech positiv iwwer d'Gespréicher geäussert. Déi chineesesch Noriichtenagence Xinhua huet d'Verhandlungen als "oppen, detailléiert a konstruktiv" beschriwwen. Et goung ënner anerem ëm d'Ëmsetze vu fréieren Accorden an ëm d'Fërderung vum Handel an den Investissementer tëscht béide Länner. Och Froen am Zesummenhang mat der Kënschtlecher Intelligenz goufen ugeschwat. Peking wier dem chineeseschen Ausseministère no bereet, "den Dialog an d'Zesummenaarbecht ze verstäerken an Differenzen op eng ugemoossen Aart a Weis ze léisen", sot de Spriecher vum Ministère, Guo Jiakun, e Méindeg op enger Pressekonferenz.

Chineesesche President reest e Mëttwoch an d'USA

De Guo huet bestätegt, datt de Xi vun e Mëttwoch bis e Freideg d'USA besiche wäert. Den Trump an de Xi géifen iwwer wichteg Theemen ewéi d'Relatiounen tëscht China an den USA an de Fridden an d'Entwécklung an der Welt schwätzen.

De Xi soll e Mëttwoch um Militärfluchhafen Joint Base Andrews ukommen. Den Trump wëll hien do perséinlech empfänken. Fir en Donneschdeg ass e Gespréich am Wäissen Haus geplangt. Dobäi soll et ëm d'Handelsbezéiungen, den Export vu rare Metaller a Rostoffer aus China, den Iran-Krich an d'Kënschtlech Intelligenz goen. Den Trump sot: "Ech wäert bal alles mat him beschwätzen."

Suergen ëm séier KI-Entwécklung

Verschidde Cheffe vu grousse KI-Firmen, wéi den Dario Amodei vun Anthropic an de Sam Altman vun OpenAI, hu sech an der Vergaangenheet fir méi Virsiicht bei der Entwécklung vun der Technologie ausgeschwat. E puer fréier Mataarbechter vu KI-Firmen hunn esouguer virun enger méiglecher Ausläschung vun der Mënschheet gewarnt. Gläichzäiteg gëtt an den USA iwwer d'Fro diskutéiert, wéi staark KI soll reguléiert ginn. Den Donald Trump huet sech e puer Mol géint eng staark Reguléierung ausgeschwat, well d'USA senger Meenung no am technologesche Konkurrenzkampf mat China net zeréckfale sollen.

E Méindeg huet de spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez op enger KI-Veranstaltung zu Madrid eng méi streng Reguléierung gefuerdert: "Mir mussen dréngend handelen, well onreguléiert, onduerchsichteg Kënschtlech Intelligenz, déi ausser Kontroll geréit an an den Hänn vun nëmmen e puer ass, dat perfekt Rezept fir eng Katastroph ass", huet hie gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO