
Zwee Méint nom katastrophalen Duebel-Äerdbiewen a Venezuela ass d'Zuel vun den Affer nach emol geklommen.
190 Gebaier waren de 24. Juni no den Äerdbiewe mat de Stäerkten 7,2 a 7,5 an de Koup gefall an dausende Mënschen hunn hiert Doheem verluer. Zur geneeër Zuel vun de Vermësste ginn et bis haut keng Informatiounen. Schätzunge vun Experten no soll dës Zuel bei bis zu 10.000 leien.
D'Famillje vun Äerdbiewenaffer, déi kuerz virdrun aus den USA an hir Heemecht expulséiert goufen, hunn eng Entschëllegung vun der Iwwergangsregierung zu Caracas gefuerdert. 146 Migranten, ënner anerem 7 Kanner, hunn no der Arrivée a Venezuela missen hir Handyen an aner Privatsaachen ofginn. Si koumen an engem ale Gebai zu La Guaira ënnerdaach, wéi et zum Duebel-Äerdbiewe koum."Mäi Bouf war weder an den USA nach a Venezuela virbestrooft", sou den Oswadelis Nuñez. Säi Fils vun 28 Joer war ënnert den Affer vun dësem Gebai. D'Migranten hätte verbuede kritt, dat vu Geheimagente bewaachte Gebai ze verloossen, och hätt et keen Evakuéierungsplang ginn. Et wéilt ee wéinstens eng "moralesch Entschiedegung, eng Entschëllegung an eng Erklärung, fir dat, wat mat hire Kanner geschitt wier", sou nach den Nuñez.