Wollt kucken, wou de Metro bleiftEelere Mann stierft zu München no Kollisioun mat Bunn u Kappverletzung

AFP, iwwersat vun RTL
Zu München ass e Mann vun 80 Joer no enger Kollisioun mat enger Metro ëm d'Liewe komm.
Symbolbild
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Den eeleren Här stoung e Samschdeg de Moien um Quai an huet a Richtung Tunnel gekuckt, wéi de Metro grad ugefuer koum. Dat huet d'Münchener Police e Sonndeg matgedeelt. Den Ongléckleche gouf um Kapp getraff an no hannen zeréck op de Quai geheit. Do wier hien op de Buedem gefall a leie bliwwen. Hien ass nach op der Plaz u senge schwéiere Verletzunge gestuerwen.

D'Police schwätzt vun engem trageschen Accident. Den Zuchverkéier gouf fir gutt zwou Stonne gestoppt.

Back to Top
CIM LOGO