Héchst Warnstuf an der Haute-CorseEen Doudegen no staarkem Reen a Südfrankräich

RTL mat AFP
An der Géigend vu Marseille ass e 75 Joer ale Mann déidlech vun de Waasserstréim matgerappt ginn. Am Departement vun der Haute-Corse gëllt déi héchst Warnstuf.
Een Doudegen no staarkem Reen a Südfrankräich
An der Géigend vu Marseille ass e 75 Joer ale Mann déidlech vun de Waasserstréim matgerappt ginn. Am Departement vun der Haute-Corse gëllt déi héchst Warnstuf

Ee 75 Joer ale Mann ass en Dënschdeg zu Saint-Mitre-les-Remparts an der Géigend vu Marseille un de Suitte vun den Onwiederen ëm d'Liewe komm, déi zanter e Méindegowend am Süde vu Frankräich amgaange sinn. Hie war vun de staarke Waasserstréim matgerappt a méi spéit an der Nopeschgemeng Istres dout fonnt ginn. Seng Assistenzpersoun konnt gerett ginn.

Am Departement vun der Haute-Corse gouf elo déi héchst Warnstuf "Vigilance rouge" wéinst dem staarke Reen an den Iwwerschwemmungen ausgeruff. Autoe goufe vun de grousse Waassermasse matgerappt a ganz Stroosse sou wéi Haiser iwwerschwemmt. Déi uerg Wieder-Front war iwwert de Südoste vu Frankräich gezunn an duerno vun der Occitanie a Richtung Provence-Alpe-Côte d'Azur gezunn.

De staarke Reen vum Méindegmoien huet dann am Nomëtteg awer liicht nogelooss. Nieft der Haute-Corse gëllt just nach fir den Departement Gard d'Warnstuf "Vigilance orange".

Inondations à Saint-Mitre-les-Remparts, près de Marseille, le 20 octobre 2026
© AFP

Back to Top
CIM LOGO