Rumänesche President fuerdert militäresch HëllefEen Doudegen an dräi Vermësster no Noutruff vu Frachtschëff

AFP, iwwersat vun RTL
An de leschten dräi Woche goufe virun de Küste vu Rumänien a Bulgarien eng Rei Handelsschëffer vun Dronen attackéiert, déi Russland zougeschriwwe ginn. De leschte Weekend hate rumänesch Kampfjetten zwou russesch Dronen iwwer dem Schwaarze Mier ofgeschoss.
Romania's President Nicusor Dan arrives ahead of a round table as part of a European Union summit at the EU headquarters in Brussels on October 16, 2026.
De rumänesche President Nicușor Dan huet en Donneschdeg gewarnt, datt d'Gefore fir d'Fräiheet vun der Schëfffaart däitlech zougeholl hätten.
© AFP

Rumänien huet e Freideg eng grouss Rettungsaktioun am Schwaarze Mier gestart, nodeems e Frachtschëff en Noutruff signaliséiert huet. D'Rettungsschëffer konnten néng Mënsche lieweg aus dem Waasser retten. Eng Persoun gouf dout gebuergen. D'Sich no den dräi weidere Vermësste leeft.

De rumäneschen Autoritéiten no waren 13 Persounen u Bord, dorënner zéng Ukrainer an dräi aserbaidschanesch Staatsbierger. D'Rettungsaarbechte ginn duerch schlecht Wiederkonditiounen an eng staark ageschränkt siicht erschwéiert. Den Asaz vu Rettungshelikoptere wier net méiglech.

D'Ursaach vum Noutfall ass bis ewell net bekannt. Den Tëschefall kënnt allerdéngs zu engem Zäitpunkt, wou d'Sécherheetslag am Schwaarze Mier ëmmer méi ugespaant ass.

Schonn de 15. Oktober waren no enger Dronenattack op en Tanker virun der rumänescher Küst siwe Membere vun der Besatzung verschwonnen. D'Schëff war bei der Attack a Brand geroden. De rumänesche President Nicușor Dan hat d'Attacken als "inakzeptabel" bezeechent an en direkten Enn gefuerdert.

Als Reaktioun op déi rezent Attacken huet Rumänien zousätzlech militäresch Ënnerstëtzung vun der NATO gefuerdert.

D'NATO hat schonn en Dënschdeg ugekënnegt, zousätzlech Fligeren, Dronen a Radarsystemer an d'Regioun vum Schwaarze Mier ze verleeën, fir op déi wuessend Gefor fir d'Handelsschëfffaart ze reagéieren.

Back to Top
CIM LOGO