Six Flags an den USAEen Doudegen an eng Rei Blesséierter no Tëschefall op enger Achterbunn

RTL Lëtzebuerg
An engem Tëschefall an engem "Six Flags"-Fräizäitpark an den USA ass eng Persoun ëm d'Liewe komm an eng Rei anerer goufe blesséiert. Vill Detailer sinn nach net bekannt.
Een Doudegen an eng Rei Blesséierter no Tëschefall op enger Achterbunn
An engem Tëschefall an engem "Six Flags"-Fräizäitpark an den USA ass eng Persoun ëm d'Liewe komm an eng Rei anerer goufe blesséiert.

Déi lokal Police ënnersicht de Virfall, deen am US-Bundesstaat Georgia, net wäit vun der Stad Atlanta, geschitt ass. Wéi eng Achterbunn betraff war, huet d'Police net matgedeelt. CBS News géigeniwwer hu si awer confirméiert, datt och eng Rei Leit blesséiert goufen. An Opname vun Noriichten-Helikoptere war ze gesinn, wéi Leit aus de Waggone vun der Goliath-Achterbunn gehollef kruten, déi an der Loft stoe bliwwe war.

Wéi genee et zum déidleche Virfall koum, gouf net matgedeelt. Zeien hu lokale Medien géigeniwwer gesot, ee Mann wier aus engem Waggon geschleidert ginn. De Park "Six Flags over Georgia" huet matgedeelt, et wier een "zudéifst traureg iwwert den Tëschefall mat engem Gaascht an eisem Park haut. Eis Gedanken an eist häerzlecht Matgefill si bei der Famill an de Frënn vum Gaascht".

Der Websäit vu "Six Flags over Georgia" no ass d'Goliath-Achterbunn 2006 opgaangen, eng 60 Meter héich an erreecht eng Vitess vun 112 Stonnekilometer. De Virfall kënnt kuerz nodeems a Kalifornien eng beléiften Achterbunn an engem "Six Flags" zougemaach gouf. Dosende Leit haten de Virworf erhuewen, datt d'Achterbunn bei hinne Gehierschied ausgeléist hätt.

Back to Top
CIM LOGO