1 Doudegen an 10 BlesséierterA Frankräich ass e Mann mat sengem Auto an e Grupp Leit gerannt

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Caen am Nordweste vu Frankräich ass e Mann no engem Sträit mat engem Auto a Leit gerannt.
In Caen im Nordwesten Frankreichs ist ein Mann mit einem Auto in eine Menschenmenge gerast und hat dabei mindestens einen Menschen getötet und zehn weitere verletzt. Nach Angaben der Behörden gibt es sieben Schwer- und drei Leichtverletzte.
Bei der Gare zu Caen a Frankräich ass e Mann mat sengem Auto a Leit gerannt.
© AFP

Op d'mannst ee Mënsch ass dobäi ëm d'Liewe komm, zéng weiderer goufe blesséiert. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, goufe beim Virfall e Mëttwoch den Owend siwe Leit schwéier an dräi Leit liicht blesséiert. De Parquet geet net vun engem terroristeschen Hannergrond aus.

Wéi d'Police mellt, war de Mann mat sengem Auto géint 22:15 Auer no engem Sträit an e Grupp Leit virun der Gare vu Caen gerannt. Dem Departement Calvados no hätt de Mann d'Foussgänger "express" iwwerrannt.

De 26 Joer ale Verdächtege war fir d'éischt geflücht, konnt awer zu Ouistreham ronn 20 Kilometer vu Caen ewech gestoppt a festgeholl ginn.

De Verdächtegen, deen a Russland gebuer ass, wier der franséischer Police bekannt, dat awer "nëmme wéinst Verkéiersdelikter". De franséische Geheimdéngschter wier hien net bekannt gewiescht. Géint de Mann goufen Ermëttlunge lancéiert, d'Ermëttler wäerten ënnert anerem d'Opname vun Iwwerwaachungskameraen aus.

D'Doudesaffer ass Aenzeien no e jonken Afghan am Alter vun 18 oder 19 Joer. Och déi Blesséiert wieren all Männer, wéi et vum Sécherheetsbeoptraagte vun der Stad, dem Bruno Coutanceau heescht. Dee jéngste wier deemno 17 Joer al.

Back to Top
CIM LOGO