Verbuet vu Social MediaEenheetlech EU-Reegelen - oder kacht jidderee weider seng eegen Zëppchen?

Céline Eischen
D’EU huet mam Kids Act ee Social Media-Verbuet op europäeschem Niveau an Aussiicht gestallt. Ma verschidde Länner hunn och schonn eege Mesuren ergraff.
Europäesch Jonker ënner 13 Joer solle keng sozial Medie méi dierfe benotzen.
Europäesch Jonker ënner 13 Joer solle keng sozial Medie méi dierfe benotzen.
© MARTIN LELIEVRE/AFP

Datt déi sozial Medie fir Kanner a Jugendlecher an der Entwécklungsphas immens schiedlech kënne sinn, ass net nei. Ëmmer méi Experten hunn an de leschte Joren a Méint virdru gewarnt an och d’Politik hëlt an deem Kader ëmmer méi Mesuren. Elo huet d'EU mam Kids Act ee Social-Media-Verbuet op EU-Niveau an Aussiicht gestallt. Ma verschidden EU-Länner hunn och schonn eege Mesuren ergraff.

Social Media-Verbuet am EU-Verglach - Reportage Céline Eischen

D'lescht Joer huet Australien als éischt Land déi sozial Medie fir Jonker ënner 16 Joer verbueden an domat eng gréisser Diskussiounswell och bei eis an Europa ausgeléist. Laang gouf drop spekuléiert an zanter en Donneschdeg steet fest: D'EU wëll sech mam Kids Act eenheetlech Reegele ginn, fir de Gebrauch vu Social Media bei Kanner a Jugendlechen ze reegelen. D'Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen:

"Keng sozial Medien ënner 13 Joer, keng perséinleche Konten ënner 15. Dat heescht, tëscht 13 a 15 dierfe Kanner just Mini-Konten hunn, déi vun hiren Eltere kreéiert an iwwerwaacht ginn. Dës Profiller sinn an hirer Notzung an zäitlech op maximal eng Stonn den Dag begrenzt."

D'Regierung hei am Land hat jo annoncéiert, datt een eng EU-Propos nationale Mesurë géif virzéien, dofir huet ee sech nach bis Enn dës Joers ginn, ier een eege Mesurë virgestallt hätt. Ma eng Rei aner Länner an der EU waren net esou gedëlleg.

Eis franséisch Noperen haten zum Beispill am Juli als éischt EU-Land fir ee Social-Media-Verbuet fir Jonker ënner 15 Joer gestëmmt. De Verfassungsrot hat d'Gesetz awer wéinst juristesche Bedenken am August gekippt.

Och déi éisträichesch Bundesregierung hat esou ee Verbuet fir Jonker ënner 14 Joer am Juli op den Instanzewee geschéckt, ob a wéini dëst elo wéinst der Annonce vun der EU a Kraaft trëtt, kann een elo nach net soen. Méiglech ass, datt d'EU virgëtt, datt déi europäesch Reegelen den nationale musse virgezu ginn. Och Spuenien a Griicheland hate Verbueter a Limitatioune fir Jonker annoncéiert.

Ee Grupp Experten an Däitschland war och am Summer zur Conclusioun komm, datt ee Verbuet déi richteg Richtung wier. D'Bundesbildungsministerin Prien huet d'EU-Annonce begréisst, mee awer och preziséiert, datt et Beräicher ginn, déi net an EU-Kompetenz leien, dofir géifen am Oktober Iwwergangsgesetzer an Däitschland presentéiert ginn.

Den EU-Kids-Act gëtt elo fir en Avis an d'Europaparlament an un déi 27 EU-Memberlänner geschéckt. Bis datt et zu enger Ëmsetzung vum Text kënnt, kann et also nach e puer Méint daueren.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO