Weiblecht Personal bei Visitt vun Hindu-Grupp ofgezunnEiffeltuerm war wéinst Streik vu Mataarbechter e Méindeg zou

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst engem Streik no der Visitt vun engem hinduistesche Grupp ass den Eiffeltuerm zu Paräis de ganze Méindeg zou gewiescht.
Bochasanwasi Akshar Purushottam Swaminarayan Sanstha (BAPS) Hindu monks take part in a religious ceremony in front of the Eiffel Tower before a ceremonial river parade on the river Seine in Paris on September 3, 2026.
Mönche vum Grupp Bochasanwasi Akshar Purushottam Swaminarayan Sanstha (BAPS) beim Eiffeltuerm den 3. September 2026.
© AFP

Op Demande vum Grupp waren all weiblech Mataarbechterinnen temporär ofgezu ginn. Doropshin huet d'Personal aus Protest e Méindeg d'Aarbecht néiergeluecht. En Dënschdeg soll den Eiffeltuerm awer nees wéi gewinnt op sinn.

D'Mataarbechter vum Eiffeltuerm hunn déi "déngschtlech Uweisunge" verurteelt, déi dozou gefouert haten, datt weiblech Mataarbechterinne wärend der Visitt vum hinduistesche Grupp Bochasanwasi Akshar Swaminarayan Sanstha (BAPS) e Samschdeg "wéinst hirem Geschlecht ausgegrenzt, ersat an onsiichtbar gemaach goufen".

De Bedreiwer vum Eiffeltuerm Sete huet erkläert, datt déi hinduistesch Delegatioun ugefrot hat, d'Visitt esou z'organiséieren, datt "Interaktioune mat Frae" limitéiert géinge ginn. "Dës Konditioun" hätt "net akzeptéiert dierfte ginn". "Mir wäerten opklären, wat geschitt ass, an déi néideg Konsequenzen zéien", esou de Sete-President Ariel Weil géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

Och de Buergermeeschter vu Paräis, den Emmanuel Grégoire, huet op X erkläert, datt et "inakzeptabel" wier, datt de Bedreiwer vum Eiffeltuerm deene Bedéngungen zougestëmmt hätt.

Baps steet der konservativer, hindu-nationalistescher Partei vum indesche Premier Narendra Modi no. De Grupp hat e Sonndeg an der Géigend vu Paräis hiren éischte groussen Tempel a Frankräich ageweit.

Back to Top
CIM LOGO