
Eng strofrechtlech Enquête gëtt elo géint déi 2 Proprietäre vum Bar opgemaach. Den zwee Patrone ginn ënnert anerem Homicide involontaire a Coups et blessures involontaires reprochéiert, esou de Parquet an der Schwäiz. Et gëllt d‘Presomption d‘innocence. Uganks ware si als Zeie befrot ginn.
D’Autoritéiten haten awer well duerchblécke gelooss, dass wuel grave Feeler gemaach goufen, déi zu deem déidlechen Inferno gefouert haten.
Véier Läiche goufen de Familljen iwwerginn. Et handelt sech ëm zwou Schwäizerinnen am Alter vun 21 a 16 Joer an ëm zwee Schwäizer - 18 a 16 Joer al. D’Enquêten an Analysë lafe weider.
Iwwerdeems gi sechs ganz uerg blesséiert Brandaffer mat Jetten an d’Ausland verluecht. Dem Asaz-Chef vun de Schwäizer Rettungsflich no nieft Nantes a Bréissel och op Lëtzebuerg. Dat sot hien der Schwäizer Chaîne SRF.
De Sécherheetsdirekter vum Wallis Stéphane Ganzer sot am Interview, et wär fir hie kloer, dass an engem Land, an deem et Normen a professionell Kontrolle ginn, eppes net fonctionéiert huet an een e Feeler gemaach huet.

De Parquet vum Wallis hat wësse gedoen, dass och d’Material vun den akustesche Panneauen géif analyséiert ginn. Grad ewéi d’Fro, ob een dës ouni Weideres hätt dierfen installéieren, oder net.