
Eelef Deeg no der Wal am Bundesland Berlin hu sech Lénk, Gréng an SPD en Donneschdeg zu engem éischte Gespréich viru méigleche Sondéierunge getraff. D'Treffe wier konstruktiv verlaf, sot eng Spriecherin vun deene Gréngen dono. Inhaltlech huet si keng Detailer genannt. Et wier eng Fortsetzung vun de Gespréicher decidéiert ginn.
Donieft ginn et weider Zweiwel un der Regierungsfäegkeet vun deene Lénken. Esou De fréiere regéierende Buergermeeschter Michael Müller (SPD) sot dem Sender Welt TV en Donneschdeg, datt et keen Zoufall wier, datt ee wéi de Lénken-Bundestagdeputéierte Ferat Kocak Noriichte mat engem Clanchef austausche géing an dass extreem Parole géint Israel a géint Judde verbreet géinge ginn.
Zwar géing et Lénk-Membere wéi d'Spëtzekandidatin Elif Eralp ginn, déi sech glafwierdeg dovun ofgrenzen, esou de Müller. "Mä leider gesinn ech net, datt si dann och entspriechend haart géint déi virgeet, déi anescht optrieden." Vun esou Leit misst sech d'Partei wann et muss sinn och "verabschiden".
Ob d'SPD mat deene Lénken koaléiere géing, wier eng Grondsazfro, betount de Müller. Hie géing dovun ausgoen, datt et viru méigleche Koalitiounsverhandlungen e Vott bei de Membere vum Berliner Landesverband géing ginn. Änlech hat sech virdrun och de scheedenden Neiköllner Buergermeeschter Martin Hikel (SPD) géigeniwwer der "Süddeutschen Zeitung" geäussert.
Och de fréiere Bundespresident Joachim Gauck huet sech skeptesch iwwer eng méiglech rout-gréng-rout Koalitioun gewisen. "Ech denken, dat gëtt immens schwiereg", sot hie bei engem "Spiegel"-Event zu Berlin. Seng Skepsis huet hie mat antisemitteschen Tendenze bannent der Partei begrënnt.
Kritik un der Politik vun der israeelescher Regierung wier legitim, betount de Gauck. Et hätte sech awer weltwäit antiisraeelesch Aktivistennetzwierker gebilt, an deenen Antisemitismus "a Kaf" geholl géing ginn.
D'Eralp selwer huet Feeler zouginn. Déi aktuell Attacke géint déi Lénk wéinst Antisemitismusreprochen a Clankontakter wieren zwar vun enger "zerstéierescher Dimensioun", sot si dem "Spiegel". Mä et kéint awer sinn, "datt a menger Partei och Feeler gemaach goufen".
Donieft wiert si sech géint Attacke vu politesche Géigner. Keen dierft si eng Antisemittin nennen. "Ech hu weder jeemools a mengem Liewen eppes Antisemittesches gesot nach gemaach", betount si.
Aus der Wal den 20. September war déi Lénk als däitleche Gewënner ervirgaangen. D'Eralp huet dono annoncéiert, eng Regierung mat deene Gréngen an der SPD unzestriewen. Nieft enger rout-gréng-rouder Koalitioun hätt och eng Unioun mat de zweetplatzéierter CDU mat deene Gréngen an der SPD eng Majoritéit.
Zil vum Gespréich en Donneschdeg war d'Klären, ob d'Viraussetzunge fir rout-gréng-rout Sondéierungsgespréicher gi sinn. Theematiséiert gi sollt ënnert anerem d'Haltung vun deene Lénke géigeniwwer Antisemitismus, organiséierter Kriminalitéit a Lénkextreemismus.