Groussdeel vun der Populatioun ass dofirÉischt Hiriichtung a Japan no iwwert engem Joer

AFP, iwwersat vun RTL
Offiziellen Zuelen no sollen am Moment ronn 100 verurteelt Persounen a Japan op d'Doudesstrof waarden.
© -/AFP

Fir déi éischte Kéier zënter iwwert engem Joer ass et a Japan nees zu enger Doudesstrof komm. E Freideg gouf offizielle Quellen no e Mann higeriicht, dee wéinst enger Brand-Attack op e klenge Casino (Salle de jeux) zum Doud verurteelt gouf. Beim Uschlag am Joer 2009 ware fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm.

De Mann mam Numm Sunao Takami gouf den Autoritéiten no duerch Stranguléierung ëmbruecht. Hien hat en Etablissement an deem gespillt gëtt, an der Géigend vun Osaka, wou hien och gewunnt huet, mat Bensin iwwergoss an a Brand gesat. Véier Clienten an een Ugestallte sinn deemools beim Virfall gestuerwen. Vir déi leschte Kéier war am Juni 2025 e Mann higeriicht, deen als Twitter-Mäerder bekannt ginn ass a ganzer néng Persounen ëmbruecht hat.

Japan an d'USA sinn déi eenzeg G7-Staaten, déi d'Doudesstrof nach hunn. Eng kloer Majoritéit vun der japanescher Populatioun steet hannert der Doudesstrof. An enger Ëmfro vun der Regierung aus dem Joer 2024 bezeechnen 83% vun de Befroten d'Doudesstrof als "net ze evitéieren". D'Ëmfro huet allerdéngs och gewisen, dass den Undeel vun de Leit, déi dofir sinn, d'Doudesstrof ofzeschafen, bannent fënnef Joer vun néng op 17 Prozent geklommen ass.

Offiziellen Zuelen no sollen am Moment ronn 100 verurteelt Persounen a Japan op d'Doudesstrof waarden.

Back to Top
CIM LOGO