Zanter Retour aus KalifornienÉischten ëffentlechen Optrëtt vum Harry a Meghan

AFP, iwwersat vun RTL
Ufank September hat de Kinnek Charles III. nach eng Kéier däitlech gemaach, datt den Harry an d'Meghan trotz hirem Retour keng offiziell Vertrieder vun der Monarchie sinn.
TOPSHOT - Britain's Prince Harry, Duke of Sussex and his wife Meghan, Duchess of Sussex, arrive to visit the Community Recording Studio (CRS) in Nottingham, central England on October 15, 2026.
En Donneschdeg haten den Harry an d'Meghan hiren éischte gemeinsamen Optrëtt zanter hirem Retour an d'Vereenegt Kinnekräich.
© AFP

De Prënz Harry a seng Fra Meghan haten en Donneschdeg hiren éischte gemeinsamen Optrëtt, zanterdeem si zréck a Groussbritannien sinn.

Zu Nottingham stounge Visitte bei dräi Organisatiounen um Programm, déi sech ënner anerem géint Liewensmëttel-Aarmut engagéieren a kulturell a sportlech Projeten ënnerstëtzen.

Enn August waren den Harry an d'Meghan mat hiren zwee Kanner Archie a Lillibet no sechs Joer a Kalifornien onerwaart a Groussbritannien zeréckgeplënnert. No engem Sträit mat der kinneklecher Famill hu si sech 2020 aus hiren offizielle Flichten zeréckgezunn an zanterhier an den USA gelieft.

Tëscht dem Harry a sengem Papp, dem Kinnek Charles III., schéngt sech d'Verhältnis mëttlerweil nees verbessert ze hunn. D'Bezéiung zum Harry sengem ale Brudder, dem Trounfollger Prënz William, bleift Medien no awer weider ugespaant.

D'Koppel ass offiziell zwar nach ëmmer den Duch an d'Duchesse vu Sussex, mee si iwwerhuele keng Aufgabe méi am Numm vum Kinnekshaus. Hir Roll géif där vu Privatpersoune gläichen, a si géifen och net méi mat den Titele "Seng/Hir Kinneklech Altess" ugeschwat ginn.

Brittesche Medien no ass et iwwerdeems éischter onwarscheinlech, datt den Harry an d'Meghan dëst Joer op Sandringham vum Kinnek fir d'Chrëschtdeeg ageluede ginn. D'Koppel plangt deemno, d'Feierdeeg an den USA ze verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO